Le racisme francophone au Grand-Duché

2004

D. Beffort, Lëtzebuergesch, quo vadis ?, in : Lux. Wort 10/04/2004

 

De leschte Samschdeg goufen 20 Joer Sproochegesetz am Kiischpelt gefeiert, (…) a wollt mer haut di Broschür „Lëtzebuergesch, quo vadis ?“ bestellen.

Paff wor ech ower, wéi mer do èng jonk dame op Franzéisch geäntwert huet an nach net emol am Dram dru geduet huet, fir sech dofir ze entschëllegen. Dat gelungent un der Situatioun ass hir guer net opgefall! Ech muss Franzéisch schwâtzen, fir eng Broschür iwwer meng Sprooch ze kréien. (…)

Wat notzt eis e Gesetz „La langue nationale des Luxembougeois est le luxembourgeois“, wann ech meng Sprooch net emol op deene Plaze ka schwätzen, wou se offiziell verbreet soll gin ?

 

 

 » 

Hors sujet : Claude Hagège recalé à l’Athénée, LS 12/03/2007

Conférence : « Le trilinguisme au Luxembourg » organisée par la Chambre des Employés privés

« Glanons quelques trouvailles dans ce dis­cours-fleuve hagégien, tel l’utile rappel que les langues française et allemande avaient été tour à tour bannies du territoire, l’une par les nazis et l’autre par Louis XIV, ou encore son soutien inconditionnel à l’apprentissage du luxembourgeois.

 

… «snobisme» et impérialisme

Sans doute parce que la vocation du luxembourgeois – langue de communication d’un petit peuple – et du français – langue de communication universelle (sic) –  diffèrent. Claude Hagège qui considère la langue anglaise comme une me­nace à la diversité en Europe et qui fustige l’impérialisme linguistique anglo-saxon,  ne  verserait-il pas dans un autre impérialisme ? Qui regrette le peu de poids économique de la cinquantaine de pays fédérés dans la Francophonie et dénonce le ‘snobisme’ anglophile. « Snobisme » francophile ? Alors que l’intérêt pour la situation linguistique du pays et de son école va croissant et mérite un débat aussi large que possible, le « show » Hagège n’y a pas vraiment contribué.

 

André Bauler (Ierpeldeng), Lëtzebuergesch muss Intergratiounssprooch bleiwen, in: LW 4/2008

 

Et stëmmt leider och, datt mir allze dacks opgefuerdert ginn ‘en français’ ze schwätzen. (…)

D’Opfuerderung “En français s.v.p.” soll awer net onbedéngt als schlechte Wëllen interpretéiert ginn. Vill auslännesch Matbierger kréien dacks guer net d’Chance eis Sprooch ze léieren. (…)

 

Fernand Watgen, “Extegratioun” vun de Lëtzebuerger? – Eng sproochlech Foto, LW 22/03/2008

 

D’Situatioun ass haut ganz anescht. Duerch d’EU-Frâizügegkeet an eis wirtschaftlech a sozial Lag, an déi mer duerch eng onsën-neg Wuesstumspolitik – mat ail hire katastrophalen Niewewier-kungen – eramanôvréiert goufen, sinn ëmmer méi Leit vu baussen an d’Land komm, déi sech meesch-tens net beméien, Lëtzebuergesch, eis Ëmgangssprooch, och nëmmen e bëssen ze léieren. Et gëtt der, déi schon 30 Joer hei wunnen a sech weigeren, ee Wuert Lëtzebuergesch ze schwätzen. Vun eis gëtt einfach verlaangt, datt mir eis op si astellen.

Dat ass net fir all Lëtzebuerger esou einfach … Mir hunn ëmmer méi den Androck, eis eege Sprooch an eisem eegene Land net méi schwâtzen ze kënnen. Vill ëmfannen et als Demutegung, an de Geschäfter ëmmer nees – nach laang net ëmmer frëndlech – « Français, s’il-vous plaît » gesot ze kréien, woubei den Zousaz ,,s’il-vous-plaît » dacks ënner den Dësch fallt.

– A wee wéisst net, datt an eise Spideeler, Alters- a Fleegeheimer vill Leit bal verzweiwelt sinn, well se net an hirer Mammesprooch mat hiren Dokteren an Infirmièren iwwer hir Problemer schwàtze kënnen. Eng eemoleg sproochlech Diskriminatioun.

Lues a lues ass eis Sprooch esou ëmmer méi un de Rand gedréckt ginn. D’Geschäftswelt am wäite Sënn ass haut an den Hänn vun Net-Lëtzebuerger, déi kaum drun denken, eis Sprooch ze léieren an ze schwätzen.

D’Fuerderung no Respekt virun enger Natioun an hirer Sprooch, ee Respekt, deen ail Vollek op dëser Welt fir sech verlaangt, gëtt duerch eng gewollt Verwiesselung ëmgaang: d’Begrëffer ,,Ëmgangssprooch » an ,,offiziell Sproochen » ginn duercherneegehàit, an doraus gëtt vu villen Net-Lëtzebuerger fâlschlecherweis ofgeleet – well et se arrangéiert – si géife jo eng vun de Lëtzebuerger Sprooche schwâtzen, also wär alles an der Rei.

 

 

2004 - Lucien Frières - Racisme francophone anti-luxembourgeois

(LW, 31/01/2004) 

2009 - Nico Thieves - Racisme francophone anti-luxembourgeois dans les cliniques

(LW, 13/05/2009)

Translate »
Share This
error: Alert: Content is protected !!